|
Gudde Moien
Dir sidd op der Homepage vun de Fraen a Mammen vu Berdorf geland. Eisen aktuelle Comité besteet seit 6 Joer aus 9 Fraen teschent 30 a 54 Joer.Verschidden wéi mir sin, hu mir natiirlech net all déselwecht Usiichten a Virstellungen, mee grad déi Diversitéit mecht de Comité interessant an och esou dynamesch. Mir hun eis engagéiert fir eis Arbecht an den Dengscht vun der gudder Sach ze setzen. Daat as eis och gutt gelongen a mir konnten schon sou muenche Scheck iwerreechen oder och mol kurzfristeg hellefen do wou grad Nout um Mann war. Daat brengt eis Satisfaktioun an gett Energie fir weider ze fueren.
Mir organiséeren allerlee flott Sachen: Kachcours, Mammendagsiessen, Aerobiccours-Fittnesscours, Concerten (Breechkaul), Kannerfuesbal, Waicours, Blummecours, Ausflich, Cabaret….. a seit 4 Joer eist ganz flott Haupeschfest mat Konschthandwierkermaart, den 1. Weekend no Allerhellgen an de Strossen vun eisem schéinen Duerf.
Ouni eis 150 aktiv Memberen wär esou e Programm net méiglech a mir sin immens frou dat si eis esou gudd ennerstëtzen an ëmmer do si wa se gebraucht gin. Hinnen all e grousse Merci.
Vill aaner Informatiounen fannt dir op eiser Homepage. Klickt roueg heinandsdo bei eis eran, bestëmmt gidd dir dann och sou muenches gewuer a fannt villeicht och déi eng oder aner Saach déi iech gefällt an usprecht.
Hoffentlech begéine mir eis dann geschwënn.
Merci villmollls fir ären Intérêt un eisem Veräin.
Ganz léif Gréiss
Linda Hartmann
Présidentin Fraen a Mammen Berdorf
|