Plooschterprojet 1

 

D’Fraen a Mammen vu Bäertref an Zesummenaarbecht mam Plooschterprojet haten e Samschdeg op Bäertref invitéiert, fir d’Leit ze motivéieren, sech als Stammzellespender ze registréieren.

Et goufen och méi wéi 50 nei Spender registréiert, ënnert hinnen och de Buergermeeschter vu Bäertref. Doniewt goufen awer och Don'en gesammelt an et konnt een sech informéiren wéi sou eng Stammzellespend konkret ofleeft. Selbstverständlech ass et zu all Moment méiglech, sech och registréieren ze loossen an esou Leit eventuell ze hëllefen, déi u Leukämie erkrankt sinn. Weider Infoen gëtt et ënnert www.plooschterprojet.lu 

Text a Fotoen: Fernand Schmitz

Joomla templates by a4joomla