E moderne Veräin fir jonk an al

Ween sinn mir?

1

E Veräin mat iwwer 140 Fraen

2

Organiséieren ënnerschiddlech Evenementer zu Berdorf

3

Ënnerstetze 

 sozial Projeten

Ween sinn d'Fraen an Mammen?

 

Komm och du bei eis an de Veräin an erlief Momenter wou jonk an al gemeinsam flott Projeten op d'Bee stellen.

 

Eise Veräin heescht Fraen a Mammen Berdorf, mir hun ca 140 Memberen, an eise Comité besteet aus 12 Fraen. Mir sin eng ganz geselleg an dynamisch Equip, an engagéieren eis um sozialen Plang vun eiser Gesellschaft.

 

Dat gréissten Evenement wat mir am Joër organiséieren as den Konschthandwierkermaart am November, als „Haupeschfest“ am ganze Land an iwwert d'Grenzen eraus bekannt. D'Organisatioun vun dësem Fest as eng Zesummenaarbecht vun allen Memberen, mee och d'Veräiner vum Duerf  participéieren mat Iesstänn fir d'leiblech Wuel vun de Visiteuren an den +/- 120 Exposanten ze garantéieren. Aus dem Erléis konnten mir an dene leschte Joëren méi wéi 20.000€ pro Joër fir karikativ Zwecker spenden.

 

Ausserdem organiséieren mir all Joër e Mammendagsiessen an en Ausfluch fir eis Memberen, e Kannerfuesbal, Cabareten, Concerten, an nach aner sozial an kulturell Organisatiounen.

 

Dir sidd als neie Member bei eis häerzlech wëllkom, d'Memberskaart kascht 15€ pro Joër. Iwwerweise kënnt dir op eise Kont LU10 0030 0450 2450 0000 mat der Mentioun „Neie Member“, dir kritt dann eng Memberskaart zougescheckt. Är Kontaktdaten kënnt dir op eis Emailadress schecken: info@fraen-mammen-berdorf.lu 

1975

gegrennt

143

Fraen 

450.000€

Total vun de Spenden 

Haupeschfest

Hei fannt dir all Informatioune bezüglech dem Haupeschfest

Eisen Comité

Linda Hartmann

Christiane Anen

Christine Kaps

Marie-France Siebenaler

Info

Name *
E-mail *
Message *