Fir eise Jubiläum hun mir eng flott Broschüre mat iwer 130 Säiten zesummen gestallt, wou mir d'Joren e bësse Revue passéiere loossen. An der Broschüre fannt dir flott Backrezepter aus eisem Duerf, souwéi d'Geschicht vum Verain an d'Entstoe vum Haupeschfest, wat dës Joer och 20. Jubiläum feiert. Falls dir eng Broschüre wellt hunn, kennt dir dat gäre mat engem Virement oder mat engem Payconiq von 10€ maachen. De Link fannt der op dem mauven Button.
E grousse Merci wëlle mir awer och nach eise Sponsoren, an Donateuren ausschwätzen ouni déi dës Broschüren net méiglech gewiergt wier. E besonnesch grousse Merci geet un eis Haaptsponsoren d´Firma Taff a Wandwerk vu Beefort.
An eiser schicker Broschüre hu mir dach grad vergiess eisen allerbeschte Fotograf de Fernand Schmitz ze ernimmen, deen eis Foto vum Comité gemaach huet. Grad hien den eis ëmmer an dat richtegt Bild setzt as sou ze soën am Gewulls ënnergaang. Mir hoffen de Fernand kann eis daat verzeien an wëll och an Zukunft nach eis Dammen fotograféieren. :-)
De 5. Juli hu mir de 50. Gebuertsdag vun de Fraen a Mamme gefeiert. No engem flotten an emotionale Wuertgottesdéngscht dee vum Josiane Mirkes gehale ginn ass hu mir zesummen am Centre Culturel gefeiert. Bei dëser Geleeënheet hu mir déi 3 Damme vum Grënnungscomité mat engem Bouquet Blummen iwwerrascht an d`Josiane Spaus-Laugs ass als Éierepresidentin ernimmt ginn. Cati Fernandes vum Atelier des rêves huet e flotten Fotoreportage gemaach. Mir hunn eis vum Catering Zandbergen verwinne gelooss an hu mir nach bis an de fréien Owend zesumme gefeiert a gemitterlech Stonne verbruecht. Dem Dekoteam aus eisem Comité an dem Emile Konsbruck hu mir déi flott Deko a Blummen op eisem Fest ze verdanken. An och eise schéine Kuch ass vu fläisseg Hänn aus eisem Veräin gemaach ginn.
Hei fannt dir e klenge Resumé vun eiser Jubiläumsfeier.